Mobile Device Management (MDM) ass eng Softwareléisung fir d’zentral Gestioun vu mobilen Apparater. Et kann benotzt ginn, fir Smartphones an Tablets iwwer hire ganze Liewenszyklus ze verwalten, ze sécheren, z’ënnerstëtzen a konfiguréieren, onofhängeg vum Betribssystem. Fir déi effektiv Ausféierung vun dëse Funktiounen hunn den Administrateur a seng Mataarbechter rollenbaséierten Zougang zu den Apparater an hire Funktiounen an Daten iwwer eng Konsol. MDM-Software enthält och automatiséiert Konfiguratioun – wéi E-Mail, Trennung vu Firmen- an perséinlechen Daten, Integratioun vun der Firmenstruktur, selektiv Läschung vun Daten a Sécherheet op Basis vun Zertifikater.

